Aller directement au contenu principal

Paramètres des cookies - Ettelbruck

En acceptant les cookies, vous nous aidez à améliorer cette plateforme. Lisez notre politique en matière de cookies.

Ettelbruck Accueil
  • Accueil
  • Événements
  • À propos
  • FAQ

Joëlle Gruber

Membre depuis le 22 juin 2025

Tous les contributions soumis par ce participant

Les idées ont été chargées dans l'ordre suivant : Populaires.

Insektestierwen

Joëlle Gruber•il y a 6 mois Wien sech elo an iwwert de Summer a sengem Gaart emkuckt, kënnt net derlaanscht festzestellen, datt et kaum nach Beien a Päiperlécke gëtt. Esouguer wann ee vill Bléien am Gaart huet, sinn dat dacks steril Bléien vun Zierplanzen, déi eisen einheimeschen Insekten net déi Nahrung a Brutstätte bidden, déi sie géife brauchen. Aus Onwëssenheet hunn ech och an de leschte Joere vill esou Planze gesat, wat mer elo leed deet.Ech proposéieren, datt d'Gemeng deene Leit, déi esou onnëtz Zierplanze wëllen duerch sënnvoll einheimesch Stauden a Streich ersetzen, Aarbechter zur Verfügung stellt, déi mat upake fir grouss Planzen eraus ze huelen an ze ersetzen. Och eng Berodung duerch e Biolog oder spezialiséierte Gärtner wier wëllkomm.Doniewt géif ech et begréissen, wann d'Gemeng selwer bei hiere Plantatiounen a beim Ulée vu Flächen méi op d'Nohaltegkeet géif oppassen (déi nei versigelt "Monopols"-Plaz ass net grad virbildlech, a mengen Aan. Ech ka mech awer iiren, ech si jo och kee Spezialist)

Parkplazen an der Avenue Salentiny

Joëlle Gruber•il y a 6 mois An der avenue Salentiny sinn eng ganz Reih ëffentlech Servicer, déi maachen, datt all Parkplaze laanscht d'Strooss daags iwwer permanent besat sinn: Lycéen, Klinik, Service Help, Laboratoiren asw. D'Awunner fanne keng Parkplaz; wann ee wëllt z. Bsp. seng Eltere besichen, oder just séier eppes bei sie eran droen, dréint een éiweg ronderem bis eng Parkplaz fräi gëtt. Ech géif proposéieren, datt d'Gemeng géif op der Plaz wou elo schon eng ganz Zäit ongenotzt Zäre vun der Ackerbau-Schoul stinn, den Awunner géif eng Parkméiglechkeet bidden, wou sie och emol hiere Besuch, d'Services d'aide et de Soins etc kéinte parke loossen. Dat muss och natiirlech net gratis sinn, mee d'Leit missten awer "entschiëdegt" ginn, well all déi Schüler, Proffen, Autoe vun Help asw d'Plaze virun den Awunner hieren Häiser permanent besetzen.
  • Conditions générales
  • Politique de confidentialité
  • Politique de cookies
  • Accessibilité : partiellement conforme
  • Plan du site
Généré parGo Vocal
Français
  • Nederlands
  • English
  • Deutsch
  • Polski
  • Português