Wiesselt op den Haaptinhalt

Insektestierwen

Vun "Virschléi"

Gitt op de Projet

Wien sech elo an iwwert de Summer a sengem Gaart emkuckt, kënnt net derlaanscht festzestellen, datt et kaum nach Beien a Päiperlécke gëtt. Esouguer wann ee vill Bléien am Gaart huet, sinn dat dacks steril Bléien vun Zierplanzen, déi eisen einheimeschen Insekten net déi Nahrung a Brutstätte bidden, déi sie géife brauchen. Aus Onwëssenheet hunn ech och an de leschte Joere vill esou Planze gesat, wat mer elo leed deet.

Ech proposéieren, datt d'Gemeng deene Leit, déi esou onnëtz Zierplanze wëllen duerch sënnvoll einheimesch Stauden a Streich ersetzen, Aarbechter zur Verfügung stellt, déi mat upake fir grouss Planzen eraus ze huelen an ze ersetzen. Och eng Berodung duerch e Biolog oder spezialiséierte Gärtner wier wëllkomm.

Doniewt géif ech et begréissen, wann d'Gemeng selwer bei hiere Plantatiounen a beim Ulée vu Flächen méi op d'Nohaltegkeet géif oppassen (déi nei versigelt "Monopols"-Plaz ass net grad virbildlech, a mengen Aan. Ech ka mech awer iiren, ech si jo och kee Spezialist)

Kommentaren

Wgl. fir ze kommentéieren.
Zäit fir ze stëmmen:
52
Deeg
15
Stonnen
42
min

virgeschloen

Dës Iddi gouf virgeschloen

1 Stëmmen aus 20 erfuerderlech Stëmmen
Total Likes: 1, Total Dislikes: 0
. Mellt Iech un fir ze reagéieren.

Deelen

Gepost vun/vum

Sujeten

Nature et biodiversité