Parkplazen an der Avenue Salentiny
Vun "Virschléi"
Gitt op de Projet
An der avenue Salentiny sinn eng ganz Reih ëffentlech Servicer, déi maachen, datt all Parkplaze laanscht d'Strooss daags iwwer permanent besat sinn: Lycéen, Klinik, Service Help, Laboratoiren asw. D'Awunner fanne keng Parkplaz; wann ee wëllt z. Bsp. seng Eltere besichen, oder just séier eppes bei sie eran droen, dréint een éiweg ronderem bis eng Parkplaz fräi gëtt. Ech géif proposéieren, datt d'Gemeng géif op der Plaz wou elo schon eng ganz Zäit ongenotzt Zäre vun der Ackerbau-Schoul stinn, den Awunner géif eng Parkméiglechkeet bidden, wou sie och emol hiere Besuch, d'Services d'aide et de Soins etc kéinte parke loossen. Dat muss och natiirlech net gratis sinn, mee d'Leit missten awer "entschiëdegt" ginn, well all déi Schüler, Proffen, Autoe vun Help asw d'Plaze virun den Awunner hieren Häiser permanent besetzen.
Kommentaren
virgeschloen
Dës Iddi gouf virgeschloen
