Wiesselt op den Haaptinhalt

Gucki - de séchere Schoulwee

De Gucki gouf agefouert, fir dass d’Kanner sécher kënnen ze Fouss an d’Schoul goen. Zënterhier huet sech vill gedoen : nei Quartieren, déi mussen un de séchere Schoulwee ugebonne ginn, Vëlospisten, déi bäikomm sinn, Ännerung vun de maximale Geschwindegkeeten a verschiddene Stroossen a Shared Space Zonen. Dës Ännerungen hunn dozou gefouert, dass Schroeder et Associés beoptraagt goufen, fir de Gucki-Wee ze erneieren.

Är Meenung ass gefrot! Fëllt dëse Questionnaire aus an hëlleft eis de séchere Schoulwee ze optiméieren.

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases

Elteren a Schüler

27. November 2024 11:00 PM - 1. Januar 2025 11:00 PM

Dir an Är Kanner kennt hire Schoulwee a virun allem déi domat verbonnen Erausfuerderungen am Beschten. Fëllt wannechgelift d’Ëmfro aus an hëlleft eis de Schoulwee vun Äre Kanner ze verbesseren. D’Ëmfro leeft bis den 20. Dezember 2024.