
Reamenagement rue Pierre Wiser / rue de la Synagogue
Aarbechten un den Réseauen (Stroum, Drénkwaasser, Äerdgas, Kanalisatioun an ëffentlech Beliichtung) an Neigestaltung vun der Strooss
Phasen
Phase 2 - Raccordements au réseaux / trottoir côté PAIR
Elo, wou d'Ausgruewungen am Stroosseberäich fäerdeg sinn (Ouverture vun der Strooss), ginn d'Aarbechten am Moment weider mat der Ouverture vum Trottoir op der lenker Säit vun der Kräizung mat der Rue de Warken a Richtung Kräizung mat der Rue Guillaume, ronderëm d'Haiser fir un d'Réseauen unzeschleissen.
Während den Trottoir an d'Entréen (op der gerueder Säit) op bestëmmte Punkte wéinst dëser Aarbecht net zougänglech sinn, bleift den Trottoir op der ongerueder Säit fir d'Foussgänger zougänglech.
Dës Phase vum Bau soll bis de 4. November daueren.
De weidere Fortschrëtt vun de Bauaarbechte gëtt Iech geschwënn matgedeelt.
Wann Dir weider Froen iwwer de Chantier hutt, da mellt Iech bei den techneschen Servicer: 81 91 81 - 453.
