
Place de l'Eglise - Nei Beem
D'Stad Ettelbréck ass gezwongen, déi dräi Beem (eng Kastan an zwou Bichen) op der Plaz virun der Kierch ofzeschneiden.
D'Beem hunn eng schlecht Vitalitéit. Dat stellt eng Gefor fir de Public duer. Et sinn 3 verschidden Analysen gemaach ginn, ier d'Decisioun geholl gouf, d'Beem ofzeschneiden.
All dräi Beem si vun engem Pilz infizéiert. Och wann d'Beem vu baussen schéin ausgesinn, si si schonn dobannen ofgebaut. D'Gefor dass grouss Äscht (dout Holz) falen, si ganz wahrscheinlech.
Zousätzlech ass d'Kastan mat der Miniermat infizéiert. Déi erwuesse Päiperleken erschéngen am Fréijoer an d'Weibercher leeën d'Eeër op der ieweschter Säit vun de Kastanieblieder. Hir Larven iessen en Tunnel an d'Blieder. Schwéier betraff Blieder kënnen dann ze fréi falen.
D'Stad Ettelbréck wäert d'Beem am Hierscht 2024 ofschneiden.
Duerno ginn 2 nei Beem mat enger Héicht vu 5-6 Meter geplanzt.
Déi Verantwortlech hunn decidéiert nëmmen zwee nei Beem ze planzen, fir se besser ze placéieren an d'Kiercheplaz weider ze verbesseren.
