Wiesselt op den Haaptinhalt

Verkéiersberouegung an der rue de Warken

Phasen

Iwwersiicht vun de Phases
Phas 1: Ëffentlech Konsultatioun
Ëffentlech Konsultatioun

Ëffentlech Konsultatioun

1. Abrëll 2025 10:00 PM - 1. Mee 2025 10:00 PM

Am Kader vun der Vitesseännerung an der rue de Warken (vu 50 km/h op 30 km/h) goufe verschidde Moossname fir de Verkéier ze berouegen ausgeschafft. Des Moossnamen ginn an enger éischter Phase mat Marquage a mat mobillen Blummebäck amenagéiert. Nieft der einfacher Ëmsetzung erlaabt dat eis den Impakt (positiv an negativ) ze testen an dorops ze reagéieren. Eng final Léisung géif dann dauerhaft amenagéiert ginn.

D’Gemeng Ettelbréck well awer den Awunner vum betraffenen Quartier d’Méiglechkeet ginn fir hier Meenung zu dësen Moossnamen matzedeelen. Natierlech besteet och d’Méiglechkeet zousätzlech Iddi’en di net um Plang sinn unzeginn.

Follgend Propose léien um Dësch:

  • Verengung (Rond-point Avenue L. Salentiny) - obligatoresch
  • Marquage vun der Virfaart (Kräizung mat der rue Pierre Krack)
  • Verengung bei der Hausnummer 185
  • Verengung bei der Hausnummer 144
  • Verengung bei der Hausnummer 145
  • Trottoir traversant an ewechhuelen vum Zebrasträife bei der Hausnummer 118
  • Verengung bei der Hausnummer 89
  • Neien Zebrasträife bei der Hausnummer 79
  • Verengung bei der Hausnummer 59
  • Verengung bei der Hausnummer 54

Wei fannt Dir des Propose?

  • gutt, dann dréckt op den Daum no uewen
  • net gutt, dann dréckt den Daum no ënnen
  • Dir kënnt e Kommentar zur Propose ofginn
  • oder eng nei Propose maachen

Alternativ kënnt Dir awer och e Formulaire (Pabeier) am Accueil op der Gemeng ausfëllen an ofginn.

9 Iddien